Grupp

Am Joër 1939 goufen d'Garer Scouten gegrënnt. Si goufen Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten, den 1919 gegrënnt gouf. Zënter 1994 gët ët d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS). Si sin enstanen aus der Fusioun vun de Lëtzebuerger Guiden an de Lëtzebuerger Scouten, déi 1919 gegrënnt goufen.
Wäit iwwer 6000 Memberen zielt dësen Jugendmouvement mat erzéiereschem Zil hei zu Lëtzebuerg. Déi edukativ Aarbescht vum Verband baséiert op den Iddiën vum Baden-Powell, mat enger ganzheetlecher Siicht vum Mënsch mat séngem Kierper, sengem Geescht a sénger Séil.
An de Statute vun den LGS liese mer: All eenzelne Mensch soll versichen kënnen séng kierperlesch, geeschteg, moralesch, sozial a reliéis Kompetenzen progressiv ze entwéckelen. Doduerch kritt hien Fähegkeeten a léiert Verhalensweisen, déi ët him erlaben, säi Liewensprojet ze realiséieren an aktiv un der Weiderentwécklung vun der Gesellschaft matzeschaffen.
Scoutissem as also méi wéi eng einfach Fräizäitbescheftegung, en as eng Hëllef bei der Erzéiung zur Selbststännegkeet, zur Verantwortung an zur Entwécklung vu moraleschen Wäerter.
Wichteg Aspekter vun der Scoutsmethod sin ënner anerem: d'Zesummenliewen a klenge Gruppen, d'Spill an d'Erliewnis, d'Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing), d'progressif Matbestëmmung a Matverantwortung (ask the boy), de regelméissegen Asatz fir déi aner (Bonne Action), d'Verbonnesi mat der Natur, d'Selbstbewäerte vum perséinleche Fortschrëtt, d'international Frëndschaft.
Ët as eng Chance fir vill Kanner a Jugendlech, Woch fir Woch bei den LGS Wäerter wéi Gemeinschaft, Toleranz, Solidaritéit, Engagement a Verantwortung liewen an erliewen ze kënnen.